✦ ✧ ✦ ✧ ✦ ✧ ✦ ✧ ✦ ✧

Wëllkomm bei eiser Busrees

⏳ Nach: 0 Deeg, 0 Stonnen, 0 Minutten, 0 Sekonnen

❄️ Wanter-Dekoratiounsrees

Léif Frënn vun der Wanterdekoratioun,
Kommt mat eis op Rees a loosst Iech fir Är Wunneng inspiréieren.

📅
Wéini: 21. November 2026
🚌
Wéi: Gemittleche Clubbus
📍
Wou: Départ vum Aquasud, Déifferdeng/ Uewerkuer um 08:00 Auer
Rendez-vous um 07:40 Auer
🎄
Destinatioun:
Déi schéinste Wanter- a Chrëschtdekoratiounsausstellung zu Sittard-Geleen, an der Regioun Limburg, Holland.
💶
Am Präis abegraff:
  • Busrees
  • D'Wanter-Dekoratiounsausstellung
  • Méiglechkeet fir op der Plaz z'iessen (Budget: 15–20 €)*
  • Eng kleng Iwwerraschung (« een Toetje »)
  • Tauscht är Biller no der Dagesrees op eiser Websäit aus
* D'Mëttegiessen ass net am Präis abegraff.

📸 Biller vun eiser leschter Rees

Photos of Christmas decorations from previous trips.

📍 Reesverlaf

08:00
Départ vum Aquasud, 1, Rue Jeannot Kremer, 4671 Uewerkuer.
• Parking: Link ënnen op dëser Säit.
• wgl. spéitstens um 07:40 virum Bus sinn.
11:30
Arrivée op der Wanter Show. Mir sinn an engem Gaarden Zenter, dee sech an der Chrëschtzäit an eng magesch Dramwelt verwandelt. Dir hutt genuch Zäit, fir eng éischt Ronn ze maachen an Iech vun den neisten Dekoratiounstrends inspiréieren ze loossen. Entspaant Iech a genéisst déi eenzegaarteg Atmosphär. Toilette befanne sech beim Restaurant am Mëttelberäich. Huelt Iech Zäit, fir alles a Rou ze entdecken – mir hu kee Stress.
13:00
Mëttegiessen (net am Präis abegraff, rechent mat ongeféier 15–20 €). Self-Service Restaurant mat typesche regionale Spezialitéiten.
14:00
Zweet Ronn duerch d'Ausstellung. Elo ass déi richteg Geleeënheet, fir Är Liiblingsdekoratiounen an de Wuerekuerf ze leeën. Huelt gär eng oder zwou stabil Akafstäsche vun Doheem mat. Mir stellen och Tuten a Këschten zur Verfügung.
15:15
Treffpunkt bei de Keessen.
16:00
Zréck beim Bus, wou eng kleng Iwwerraschung ("een Toetje") op Iech waart.
16:30
Départ a Richtung Lëtzebuerg.
20:00
Arrivée beim Aquasud.

🚌 Buchung

Séchert Iech elo Är Plaz fir 69,90€p.P.! (TVA inkl.)

🧑‍✈️ Chauffeur
🚪 Entrée; 🟫 Dësch; 🚻 WC; ⬜ Gebucht; 🟨 Reservéiert (5 Min)

* Falls organisatoresch noutwendeg, kënne reservéiert Plazen nei zougedeelt ginn.

Allgemeng Geschäftsbedéngungen (AGB) .

📝 Noriicht schécken

contact@accueillir.lu

⭐ Mir freeën eis op Äre Feedback!

Feedback

📱 Scannen oder drécken & kontaktéieren

📄 Juristesch Informatiounen

KriepsEnterprises SARL-S;

"[+] Méi juristesch Informatioune weisen / verstoppen"]

Gérante: Eva Maria Krieps;
45, Grand Rue, L-4575 Differdange, Luxembourg;
Tel.: +352 621 466 633
Email: contact@kriepsenterprises.com
IBAN: LU98 6191 LQC3 4G4P DDKU;
BIC: SOXALULL;
R.C.S: Luxembourg B272372;
TVA: LU34382720;
Autorisation d'établissement: 10144128

Online Dispute Resolution: The European Commission provides a platform for online dispute resolution (ODR), available at https://europa.eu.

Link in Zwischenablage kopiert! 📋